Radioen

On air

Notturno  |  Claude Debussy - Sonat fir Cello a Piano - Armance Quéro (Cello), Joseph Birnbaum (Piano)

play_arrow Live
opus

/ D'Lëtzebuerger Filmer "Ito Meikyu" an "Oto's Planet" gewanne Präisser op der Mostra

Mostra di Venezia

D'Lëtzebuerger Filmer "Ito Meikyu" an "Oto's Planet" gewanne Präisser op der Mostra

Um Filmfestival zu Venedeg gouf et de Samschdeg Owend zwou Auszeechnunge fir Lëtzebuerger Wierker, dat allebéid an der Extended Reality Kompetitioun.

auto_stories

1 min

Gwenael François | © picture alliance / NurPhoto | Luca Carlino
De Gwenael François ass de Regisseur vum Film Oto's Planet(Foto: picture alliance / NurPhoto | Luca Carlino)

De Spezielle Präis vum Jury goung un de Film "Oto's Planet" vum Gwenael François. De Boris Labbé huet mat sengem Film "Ito Meikyu" de Grand Prix gewonnen. De gëllene Léiw krut de spuenesche Regisseur Pedro Almodovar mat sengem Film “The Room next Door”.