Fräie Mikro

D’Meenungs- a Pressefräiheet si weltwäit a Gefor

Dës Woch gouf den UNESCO-Rapport "World Trends in Freedom of Expression and Media Development“ fir d’Joren 2022-2025 virgestallt. D'Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun, geet am Fräie Mikro op déi wichtegst Erkenntnisser an.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

De Rapport iwwer d’Entwécklung vun der Meenungs- a Pressefräiheet, deen d’UNESCO all véier Joer erausgëtt, weist fir d’Joren 2022 bis 2025 eng beängschtegend Entwécklung. Fir d’éischt zënter 20 Joer gëtt et weltwäit méi autokratesch Regimmer wéi Demokratien, an 72 Prozent vun der Mënschheet liewen haut an net-demokratesche Systemer.

Zënter 2012 ass de globalen Niveau vun der Meenungsfräiheet ëm ronn 10 Prozent gefall – ee vun de gréisste Réckgäng zënter dem Enn vum Kale Krich.

Aus Angscht viru politeschem Drock, Geriichtsprozeduren, Gewalt oder Online-Belästegung üben ëmmer méi Journalistinnen a Journaliste Selbstzensur aus, déi zënter 2012 ëm 63 Prozent geklommen ass.

Dobäi kënnt, datt verschidde Regimmer geziilt Mësstraue géint eng fräi Press schieren. Sozial Netzwierker a generativ KI maachen et zousätzlech méi einfach, Desinformatioun ze verbreeden an domat d’Vertrauen an d’Medien ze ënnergruewen.

Journalismus: E geféierleche Beruff

Tëschent 2022 an 2025 goufen Honnerte Journalistinnen a Journalisten ëmbruecht, ugegraff oder agespaart. Betraff sinn och Iwwersetzer, Chauffeuren a Guiden, déi hinnen hëllefen.

Besonnesch grouss ass d’Gefor a Konfliktgebidder, awer och bei Recherchen iwwer Klima an Ëmwelt. An deene leschte 15 Joer goufe 46 Presseleit ëmbruecht, déi iwwer Klimawandel an Ëmweltverbrieche beriicht hunn; an nëmme sechs Fäll koum et zu enger Verurteelung.

Gläichzäiteg ass den Undeel vu Publikatiounen op groussen Online-Plattformen, déi de Klimawandel a Fro stellen, vu 24 op 40 Prozent geklommen.

Besonnesch a Gefor sinn d’Fraen am Journalismus. An de leschte véier Joer goufe 24 Journalistinnen ëmbruecht. Physesch, sexuell an digital Gewalt hëlt zou. Schonn 2020 waren 73 Prozent vun de Journalistinnen Affer vun Online-Attacken.

Ruinéieren duerch Prozesser

Ee Mëttel fir d’Press ze kontrolléiere sinn déi sougenannte SLAPPs: abusiv Prozesser, déi aflossräich Persounen oder Institutioune géint onbequeem Medie féieren.

D’Zil ass meeschtens net, dës Prozesser ze gewannen, mee déi betraffe Presseorganer duerch héich Affekotekäschten finanziell ze ruinéieren. Fir hinne bäizestoen, ënnerstëtzt d’UNESCO Hëllefsfongen, un deenen sech och Lëtzebuerg bedeelegt.

An am Netz?

Fir d’Meenungsfräiheet an d’Meenungsvillfalt och am digitale Raum ze garantéieren, misste Staaten, Medien an Online-Plattformen zesummeschaffen, fir d’Grondrechter vun alle Mënschen ze schützen.

Et wier awer naiv sech dobäi op Amazon, Meta oder Google ze verloossen. Déi dräi Konzerner vereenen d’Hallschent vun de weltwäite Werbeakommes op sech.

Fir d’Ënnerstëtzung vu Medien an onofhängeger Informatioun ginn dogéint weltwäit nëmmen 0,5 Prozent vun den ëffentleche Gelder ausginn. Dat ass erstaunlech wéineg, wann ee bedenkt, wéi dacks betount gëtt, datt eng fräi an oppe Press d’Grondlag vun all Demokratie ass. 

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.

Lauschterenplay_arrow