Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Joseph Haydn - Sinfonie Nr.11 a Mi bémol Majeur, Hob. I:11, III. Menuet - Heidelberger Sinfoniker, Johannes Klumpp (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ D'Méiglechkeet fir den Alborz Teymoorzadeh besteet fir zeréck op Lëtzebuerg ze kommen

Äntwert op parlamentaresch Fro

D'Méiglechkeet fir den Alborz Teymoorzadeh besteet fir zeréck op Lëtzebuerg ze kommen

Den ausgewisenen iranesche Staatsbierger Alborz Teymoorzadeh ka laut Gesetz eng nei Demande bei der Direction générale de l‘immigration areechen. D'Dier fir e Retour vum Fotograph steet also op. Et mussen awer verschidde Konditiounen erfëllt ginn.

auto_stories

1 min

© Daniel Fragoso

De Mann misst dann virweise kënnen, dat hie genuch eege Revenuen huet, esou den Inneminister Léon Gloden a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro. Laut Gesetz entsprécht de Revenu dem soziale Mindestloun.

D‘Affär hat héich Wellen a Kënschtlerkreeser geschloen an deenen de Fotograph sech een Numm gemaach hat.

De Minister preziséiert, datt dëse Fall, genee wéi all aner Immigratiounsdossieren, dem Gesetz no géife behandelt ginn. Den Demandeur hätt awer net kënnen noweisen, datt hie genuch Eegemëttel hätt.

Déi Reegele géife fir Leit aus allen Aktivitéitsberäicher gëllen, an net nëmme fir Leit aus der Konschtzeen. Dofir hätt déi zoustänneg Kommissioun d‘Demande och refuséiert.

Den Alborz Teymoorzadeh huet eegenen Aussoen no d‘Land an Tëschenzäit scho verlooss.    

Aktualitéit
Kultur
Konscht
National
Politik
Politik a Gesellschaft