“Tales of the sea” – esou heescht de neisten Album vun der däitscher Pianistin Lydia Maria Bader. Dorop spillt si Musek, déi vum Mier inspiréiert ass an op eng Rees voller Abenteuer mathëlt. Muer den Dënschden Owend (17.10.) um 8 Auer spillt d’Pianistin genee déi Musek och fir d’alleréischt Kéier op engem Concert hei zu Lëtzebuerg – dat am Foyer Européen an der Stad. D’Marie Schockmel huet sech mat der “Schatzfinderin am Klavier” ënnerhalen.