Den Gioachino Rossini soll esou séier komponéiert hu wéi keen anere Komponist. Besonnesch berüümt ass hie fir seng bal 40 Opere ginn. Déi ginn et jeeweils net nëmmen an enger Originalversioun, mee direkt an e puer Fassungen. Esou konnt d’Musek dann ëmmer ugepasst ginn un all Theater an all Publikum. De Joachim Fontaine verréit eis méi.