Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ D’Oppositioun an der Chamber begréisst de Smartphoneverbuet an de Grondschoulen

Educatioun

D’Oppositioun an der Chamber begréisst de Smartphoneverbuet an de Grondschoulen

Den Educatiounsminister hat jo esou ee Verbuet fir no der Ouschtervakanz 2025 an alle Grondschoulen ugekënnegt. Um Dag vun der Schoulrentrée huet d’Chamber-Educatiounskommissioun sech haut mam Claude Meisch senge Prioritéite beschäftegt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Flickr Chambre des Députés | © Flickr Chambre des Députés play_arrow
Foto: Flickr Chambre des Députés

D’Gläichgewiicht tëschent den Ecranen an der realer Welt soll zur Prioritéit fir dëst Schouljoer ginn, hat de Minister ugekënnegt. An deem Kontext hat de Claude Meisch een integrale Verbuet vu Smartphonen an de Grondschoulen annoncéiert.

Et géif een d’”Kurskorrektur vum Minister” begréissen, esou haut d’LSAP-Deputéiert Francine Closener. Et wier awer wichteg, elo gutt mat den Elteren ze kommunizéieren, well Elteren den Handy och géife benotzen, fir ze wësse wou d‘Kand drun ass. "Do muss ee gutt kommunizéieren, an da fannen ech dat gutt."

Djuna Bernard: Verschiddenes nach ganz vage

Wat d’Pläng vum Ministère ugeet, fir an de Lycéeën eng physesch Distanz tëschent de Schüler an hirem Smartphone z’erreechen, dierft een d’Lycéeën net eleng loossen, verlaangt d’Oppositiounsdeputéiert. Eng zäitno “anstänneg Léisung” wier néideg an et wier wichteg, datt déi ganz Schoulcommunautéit dohannert steet.

Wat Smartphone-Aschränkungen an de Lycéeë betrëfft, wier nach villes ganz vage, bedauert d’Djuna Bernard. Donieft stellt déi gréng Deputéiert sech d’Fro vun der Koherenz tëschent den iPaden an de Smartphonen an de Grondschoule stellen.

D'ADR begréisst d'Handyverbuet

Den ADR-Fraktiounschef Fred Keup huet sech “iwwerrascht a frou” iwwert d’Annonce vum Minister gewisen, fir ee Verbuet vum Smartphone an der Grondschoul ëmzesetzen, sou wéi d‘ADR dat virun engem Joer gefuerdert hätt.

Déi geplangte Changementer, wat den Ëmgang mat de Smartphonen an de Schoulen ugeet, hat de Minister Claude Meisch d’lescht Woch op senger Rentréespressekonferenz ugekënnegt.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Edukatioun