Trotzdeem wier ee mat engem Plus vun 31,1 Milliounen Euro stabel bliwwen. Duerch déi geopolitesch Spannungen an der Welt erwaart sech d’Raiffeisebank, datt den Inflatiounstaux klëmmt.
Dëst géif och eng Hausse vum Leetzëns mat sech bréngen. Ëm wéi vill dëse klamme wäert, wier schwéier ze soen, esou de Georges Heinrich vum Direktiounsvirstand vun der Raiffeisen. Dat well d’Aktualitéit déi ganzen Zäiten ännert.
Déi nächsten Unhiewung vum Leetzëns säitens der europäeschen Zentralbank wier awer nach virum Summer ze erwaarden.