De Fernand Mertens gëtt den 29. Februar 1872 an der Belsch gebuer. Dee gréissten Deel awer vu sengem Liewe verbréngt hien als Komponist, Museker an Dirigent zu Lëtzebuerg.
1897 gëtt de Museker Member vun der Lëtzebuerger Arméi. No senger Plaz als Dirigent vun der Diddelenger an Hollerecher Musek an Haff-Kapellmeeschter am Joer 1918, gëtt de Fernand Mertens no engem Concours, Dirigent vun der Militärmusek tëscht de Joren 1909 an 1937.
D'Sonnerie Nationale zielt haut wuel zu senge bekanntste Kompositiounen. Ma zanter dem 04. Juni 1945 dierf si offiziell Sonnerie Nationale heeschen. Den deemolege Staatsminister Pierre Dupong huet dës Erlabnis ginn.
Gespillt gëtt d'Sonnerie souwuel bäi reliéisen, wéi och patrioteschen Zeremonië.
Dediéiert ass d'Sonnerie Nationale dem hellege Sakrament an d'Militärmusek spillt se bäi Geleeënheet vun der Mass, beim Pilgere vu Police an Arméi, um Nationalfeierdag am Te Deum oder bei der Schlusspressessioun.
Si kann entweder eenzel vun Trompett oder a Begleedung vum Orchester gespillt ginn.