Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Däitschland 2025: Neiwalen, Wirtschaftskris a Kulturhaaptstad

Ausbléck op dat neit Joer

Däitschland 2025: Neiwalen, Wirtschaftskris a Kulturhaaptstad

Déi éischt Méint vum neie Joer stinn an Däitschland ganz am Zeeche vun den Neiwalen. Enn Februar kritt d’Land een neie Bundestag an eng nei Regierung. D’Neiwale wäerten den Toun setzen dofir, wéi de Rescht vum Joer kéint verlafen. Eise Korrespondent Matthias Kirsch mam Ausbléck op d’Joer 2025 an Däitschland.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Adobe Stock play_arrow
Foto: Adobe Stock

Däitschland wier kee Land vum Géinteneen, och net e Land vum Uneneen-Laanscht. Mee e Land vum Mateneen. Dat sot de Bundeskanzler Olaf Scholz den 1. Januar a senger Neijoerschusprooch.

Grouss Koalitioun oder Schwaarz-Gréng

Well et mat deem Zesummenhalt an Däitschland awer an de leschte Méint op d'mannst an der Politik just esou mëttelméisseg gelaf ass, ginn déi Däitsch am Februar eng nei Regierung wielen. Ronn 8 Méint méi fréi, wéi ursprünglech geplangt.

Et kéint een ellent Erwäche ginn: D’AfD kéint bundeswäit zweetstäerkste Kraaft ginn, FDP a Lénkspartei aus dem Parlament fléien. Den aktuelle Sondagen no huet d’Unioun vun CDU an CSU mat hirem Kanzlerkandidat Friedrich Merz déi beschte Chancen, Däitschland de Rescht vum Joer ze regéieren. Entweder als grouss Koalitioun mat der SPD oder als Schwaarz-Gréng mat B90/Die Grünen.

Eng Autoindustrie, déi struewelt

Wien och ëmmer no der Bundestagswal d’Steierrad iwwerhëlt, Erausfuerderunge waarden der genuch. Déi wuel gréissten Aufgab: Déi däitsch Wirtschaft nees op d’Been ze kréien. Well d’Konjunktur-Prognosen si schlecht: Besonnesch d’Industrie struewelt, notamment d’Autosindustrie. Et gëtt mat engem Wirtschaftswuesstem vu maximal 0,1 Prozent gerechent.

Am Fréijoer steet an Däitschland dann e ronne Joresdag un: Den 8. Mee jäert sech d’Kapitulatioun vun der Wehrmacht fir d’80. Kéier. An der Haaptstad Berlin gëtt deem Dag als Feierdag geduecht.

An um kulturelle Plang gëtt et 2025 an Däitschland eppes ze feieren: Mat Chemnitz ass no Weimar 1999 eréischt fir déi 2. Kéier eng ostdäitsch Stad europäesch Kulturhaaptstad. Mëtt Januar fänken d’Festivitéiten un.

Lauschterenplay_arrow