Radioen

On air

De barocke Moien  |  Antonio Vivaldi - Véier Joreszäiten: Summer, Nr. 2, Op. 8, RV 315, III. Presto - Richard Galliano

play_arrow Live
opus

/ Dänemark wëll seng Militärpresenz an der Arktis verstäerken

No Menacë vum Donald Trump

Dänemark wëll seng Militärpresenz an der Arktis verstäerken

Dänemark géif elo dräi Krichsschëffer, zwou Laangstreckendronen an e puer Iwwerwaachungs-Satellitte kafen, huet den dänesche Verdeedegungsminister Lund Poulsen zu Kopenhagen ugekënnegt. Dat no de Menacë vum US-President Donald Trump, datt hie Grönland wéilt annektéieren.

auto_stories

1 min

Déi dänesch Premierministesch Mette Frederiksen | © picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki
Foto: picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki

De Käschtepunkt läit bei ronn zwou Milliarden Euro.

Déi dänesch Premierministesch Mette Frederiksen soll haut um Dënschdeg op Berlin reese fir mam däitsche Kanzler Olaf Scholz, dem franséische President Emmanuel Macron an dem NATO-Generalsekretär Mark Rutte iwwer d‘Situatioun ze beroden.