Radioen

On air

Wuelklang nom Iessen  |  David Baker - Jazz Suite "Three Ethnic Dances", III: Calypso - Akron Symphony Orchestra, Alan Balter (Dir.)

play_arrow Live
search

/ Liewegkeet mat engem Hauch vun Nostalgie

KLASSIK ALBUM VUN DER WOCH

Liewegkeet mat engem Hauch vun Nostalgie

De Josep Vicent an den ADDA Simfónica Alicante hunn dem Alexander Scriabin seng drëtt Sinfonie mam Titel 'Le Divin Poème' opgeholl.

auto_stories

18 min

headphones

9 min

play_arrow

Lauschterenplay_arrow

'Le Divin Poème'

Spéitromantesch Harmonien, en enorme Räichtum vu Klangfaarwen a ganz vill Spannung. Sou kann een dem Alexander Scriabin seng drëtt Sinfonie ‘Le Divin Poème’ zesummefaassen. D’Wierk gëtt den Ufuerderungen, déi de Scriabin als Artist u selwer hat, gerecht: déi héchst Form vun der Extas erreechen. Um Piano kennt een seng virtuos bis wëll Approche zimlech gutt. Dem Scriabin seng sinfonesch Musek - an domat och d’Orchestratioun - ass awer net manner virtuos oder impressionant. Dat erlieft een net nëmme kompositoresch, mee och interpretatoresch um neien Disk vum spueneschen Dirigent Josep Vicent a sengem Orchester.

 

E liewegen Orchester

Den ADDA Simfónica Alicante (ADDA steet fir ‘Auditorio de la Diputación de Alicante’, d’Gebai an deem den Orchester stationéiert ass) ass e liewegen Orchester. Déi vill jonk Musekerinnen a Museker presentéieren sech op der Websäit vum Orchester mat lëschtege Gesiichtsausdréck. D’Freed un der Spontanitéit ass awer net nëmme visuell ze spieren, mee och klanglech. Den ADDA Simfónica Alicante setzt Akzenter, déi am Géigendeel zu aneren Orchesteren net nëmmen op der Homogenitéit vum Klangkierper baséieren.

 

Nostalgesche Klang

Am Alexander Scriabin senger drëtter Sinfonie (‘Le Divin Poème’) héiert een dofir heiansdo mol eng kleng technesch Onperfektioun, mee musikalesch profitéieren dem russesche Spéitromantiker seng musikalesch an emotional Klangausbréch duerchaus dovun. Den Orchester offréiert eng Interpretatioun mat engem bal nostalgesche Klang vu fréier Filmmusek. Déi eenzel Instrumenter behalen an deem grousse Klangbild hir Individualitéit. Doduerch ass d’Opnam immens lieweg a gëtt dem Nolauschterer d'Geleegenheet vill Detailer ze entdecken. Fir dat hinzekréien, war sécherlech net nëmmen e gutt Ouer vum Dirigent Josep Vicent gefrot, mee och eng symbiotesch Zesummenaarbecht mam Tountechniker. Domat ass dës Produktioun eng gelongen Opnam mat enger eenheeltecher Visioun vun alle Bedeelegten.