D'ICMA Gala ass dëst Joer den 18. Mäerz 2026 zu Bamberg an Däitschland an der Joseph-Keilberth Haal. Dat ganzt dann och lokal begleet vun de Bamberger Symphoniker ënnert dem Chefdirigent Jakub Hrsua, dee jo selwer och als Artist of the Year ausgezeechent gëtt.
Versprach gëtt am offizielle Schreiwes een ofwiesslungsräiche Programm vun enger Gala, déi gläichzäiteg och den 80. Jubiläum vun de Bamberger Symphoniker ënnersträicht. Musikalesch ënnermoolt mat Kompositioune vun Dimitri Schostakowitsch a gespillt vum Andrei Korobeinikov, deen dëst Joer och an der Kategorie “Premiere Recording” ausgezeechent gëtt. Ma och weidere Lauréatinnen a Lauréaten aus der Editioun 2026. Do sti Wierker vu Beethoven, Béla Bartok, Tschaikowski, Brahms, Mozart a weidere bekannten Nimm un.
Moderéiert gëtt d’Gala vun den International Classical Music Awards dann och vum Präsident a Lëtzebuerger Remy Franck an och der Generalsekretärin Nicola Catto.
Lass geet et um 17h30 am Kammermuseksall an ab owes dann déi offiziell Gala um 8 Auer. An d’Tickete ginn et iwwert de Site vun de Bamberger Sinfoniker.