Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Jean-Philippe Rameau - Nouvelles Suites de Pièces de Clavecin, Suite a Sol Mineur, RCT 6, IV. La poule - Cathy Krier (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Lëtzebuerger feiert Debut an der Philharmonie

KLASSIK AKTUELL

Lëtzebuerger feiert Debut an der Philharmonie

De jonken Dirigent David Daubenfeld debutéiert an der nächster Saison mat de Lëtzebuerger Philharmoniker am grousse Sall vun der Philharmonie.

auto_stories

1 min

headphones

16 min

David Daubenfeld | © Michelle Barthel play_arrow
David Daubenfeld, Dirigent (Foto: Michelle Barthel)

Haut (05.05.) um Méinde Moien annoncéiert d’Philharmonie hir nei Saison an enger Pressekonferenz. Am Oktober wäert e jonke Lëtzebuerger Dirigent säin Debut mat de Lëtzebuerger Philharmoniker feieren: Den David Daubenfeld wäert bei de Lëtzebuergesche Kannerconcerten dirigéieren, a gëtt direkt op zwee Concerten den Takt un am "De Pierchen an de Wollef" vum Sergei Prokofjew.

De 4. Mee ass de Lëtzebuerger Museker 30 Joer al ginn a steet domat nach zimmlech um Ufank vu senger Dirigentekarriär, déi am Stater Conservatoire ugefaangen huet. D'Lëtzebuerger Philharmonie ass awer net dat eenzegt Gebai an Europa an deem hien e gréisseren Debut feiert. De Christophe Mirkes hat am Virfeld schonn e Gespréich mam David Daubenfeld geféiert, an deem Dir de jonken Dirigent kenneléiert.

Lauschterenplay_arrow