Am Conservatoire du Nord zu Ettelbréck ginn den 29. November nei Wierker an nei Arrangementer fir Blechblosquintett opgefouert. En Deel vun dëse Stécker ass vu Schüler aus der Kompositiounsklass, oder aus Ecrituresklassen op de Pabeier bruecht ginn. D'Hornistin an Initiatorin vun dësem Concert, Isabelle Lord, verréit dem Christophe Mirkes hei am Gespréich wéi een de Blechblosquartett mat Trompett, Cor, Trombonn an Euphonium bei dësem Optrëtt erlieft.