"De Bach a Purcell si ganz al Kolleegen" - Dat seet d'Sopranistin Véronique Nosbaum.
Mat CantoLX huet d'Musekerin 2010 een Ensembel gegrënnt, deen sech haaptsächlech op déi barock Musek fokusséiert. Och dëst Joer organiséiert si nees de Festival "Passion" am Neimënster, bei deem am Abrëll zwee Concerten op d'Visiteure waarden.
Am Gespréich mam Lex Kauffmann schwätzt d'Sopranistin, déi och nach Gesangscoursen am Stater Conservatoire gëtt, wéini hir Léift zu de barocke Kläng ugefaangen huet a wéi d'Lëtzebuerger Kulturzeen sech an de leschte 15 Joer entwéckelt huet.
Hei fannt dir d'Informatiounen zu béide Concerte vum Festival "Passion".
- Concert, den 01.Abrëll 2025 - The Maid's Prayer
- Concert, den 23. Abrëll 2025 - Mythes et Dieux dans la France baroque