Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Carl Maria von Weber - Sechs Sonaten, Op. 10, Sonat Nr.5, II. Finale Siciliano - Allegretto - Emmanuel Pahud (Flütt), Eric Le Sage (Piano)

play_arrow Live
search

/ De Bach an déi italieenesch Musek

Klassik aktuell

De Bach an déi italieenesch Musek

De Cembalist Alessandro Urbano proposéiert e Programm mat Wierker, fir déi sech de J.S. Bach um italieenesche Stil inspiréiert huet.

auto_stories

1 min

headphones

6 min

play_arrow

Als jonke Komponist huet de Johann Sebastian Bach eng Passioun fir déi italieenesch Musek entwéckelt. Dës Begeeschterung huet sech och a sengen eege Kompositiounen néiergeschloen. Bei engem Concert, de 7. Dezember am Stater Conservatoire proposéiert den Cembalist Alessandro Urbano e ganze Programm mat Wierker vum Bach, aus deenen een déi italieenesch Influenz eraushéiere kann.

De Luc Boentges huet mam Alessandro Urbano iwwer den Afloss vum italieenesche Stil beim Bach geschwat, genee esou wéi iwwer d'Tatsaach, dat de Bach ni an Italie war.

Lauschterenplay_arrow