D'Associatioun 'Sequenda' gouf 2008 an d'Liewe geruff fir den 'Art Lyrique' zu Lëzebuerg ze fërderen. An dat haaptsächlech duerch d'Organiséiere vun Operespektakelen, déi dann och am Ausland exportéiert solle ginn. Dëst Joer steet dem Rossini säin 'Il Barbiere di Siviglia' um Programm. Dësen Opereklassiker gëtt mat der Uropféierung opgemaach - an zar mat enger Fantasie vum Lëtzebuerger Komponist Ivan Boumans, an där Theemen aus der Oper verschafft ginn.
D'Marie Trussart huet all weider Detailer, déi den Opera Studio a weider Masterclassen betreffen, vun der Luisa Mauro verrode kritt. Weider Informatiounen an Tickete ginn et hei.