Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
opus

/ De Benevolat a Bedrängnis

Fräie Mikro

De Benevolat a Bedrängnis

Duerch dat neit ASBL-Gesetz musse Vereenegungen nei Reegelen applizéieren, déi méi Sécherheet an Transparenz brénge sollen. Och wann den Usaz vun där Reform ze verstoen ass, sou kéint de Schoss awer no hanne goen, well besonnesch kleng Associatiounen den administrativen a finanziellen Opwand kaum meeschtere wärten. Dat mengt de Journalist an Auteur Laurent Moyse a sengem Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

© radio 100,7 play_arrow
(Foto: radio 100,7)

De 7. August 2023 ass en neit Gesetz a Kraaft getrueden, dat dem Legislateur no dem Secteur vun den Associatiounen a Stëftungen ee „moderniséierten a vereinfachte Kader“ gëtt. D’Ännerungen, heescht et weider, sollen d’administrativ Formalitéite vereinfachen, déi juristesch Sécherheet stäerken an eng gréisser Transparenz garantéieren. Souwäit steet et um Pobeier.

A Wierklechkeet stellt sech bei villen Associatiounen eraus, datt déi Demarchë mat komplexe Prozeduren a mat engem héijen administrativen a finanziellen Opwand verkneppt sinn. Fir verschidde méi kleng Vereenegunge wäert dat d‘Enn vun hirer fräizäitlecher Existenz bedeiten. Wuel stuuft d’Gesetz d’Associatiounen a Stëftungen no hirer Gréisst an, mee besonnesch déi kleng Veräiner, déi eng ganz begrenzten Zuel vun Aktivitéiten am Joer hunn a mat engem ganz gerénge Budget fonctionéieren, an och gutt fonctionéieren, mussen dacks agesinn, datt si et mat deem neie Gesetz net méi packen.

Keng Spuer vu simplification administrative

Datt eng Reform an deem Secteur néideg war, datt fir méi Transparenz soll gesuergt ginn, sinn Aspekter, déi een nëmme begréisse kann. Leider ass d’Resultat net ganz glécklech, well d’Modalitéite vum neie Gesetz d‘Varietéit vum Secteur an d‘Realitéit vum benevollen Asaz gänzlech verkennen. Wéi scho viru Joren d‘Androung vun Associatiounen am elektronesche Register obligatoresch gouf, si vill Veräiner un där neier Prozedur gescheitert an hunn d’Hëllef vun enger Fiduciaire oder engem Affekot misse froen, wat natierlech bei all klenger Ännerung de Budget belaascht huet. Wann een et selwer wollt maachen a sech un déi kompetent Verwaltung wollt wenden, fir sech dat Ganzt erklären ze loossen, huet et geheescht, dat kéint een nëmmen op Rendez-Vous maachen, deen och nach eppes géif kaschten.

A mat deem neien Asbl-Gesetz vun 2023 geroden och kleng Stëftungen duerch déi buchhalteresch Oplagen, déi iwwer extern Firme musse gemaach ginn, an en onméigleche finanziellen Enkpass. Iwwerhaapt kann een zu Lëtzebuerg zënter laange Jore kaum vun „simplification administrative“ schwätzen. Am Géigendeel, et kann een nëmmen nach staunen, wéi komplizéiert d’Weeër heiansdo sinn.

"Benevolat a Bedrängnis"

Wat de Benevolat betrëfft, deen d‘Veräinsliewen nach zimmlech staark präägt, do gëtt den Asaz ëmmer méi komplizéiert. Vill Associatioune si schonn zënter geraumer Zäit mat anere Problemer beschäftegt, ënner anerem fir nach genuch Memberen ze fannen, déi hir Zäit an hir Energie mat Leif a Séil fir de Veräin ginn, oder verzweiwelt jonken Nowuess ze sichen, dee bereet ass, sech onentgeltlech dofir anzesetzen, oder Sponsoren ze kréien, fir sech iwwer Waasser ze halen. Grad an enger Zäit, wou den Zesummenhalt an der Gesellschaft ëmmer méi bréckelt, geréit de Benevolat a Bedrängnis. Vun engem gléckleche Worf kann een also hei net schwätzen.

Lauschterenplay_arrow