Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Robert Schumann - Sinfonie Nr.3 a Mi bémol Majeur, Op. 97, III. Nicht schnell - Cappella Aquileia, Marcus Bosch (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

digital-library

digital-library

/ Martin Rajna a Benjamin Kruithof

Fir nozelauschteren

Martin Rajna a Benjamin Kruithof

De 15. November huet de Martin Rajna d'Lëtzebuerger Philharmoniker an der Philharmonie dirigéiert. Lauschtert de Live-Matschnëtt vun dësem Concert mam Solist Benjamin Kruithof hei. Um Programm: Wagner, Tschaikowski an Dvořák.

auto_stories

2 min

headphones

113 min

play_arrow
Benjamin Kruithof © Kaupo Kikkas

De jonke Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof léisst zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker d'romantesch Musek an der Philharmonie opliewen.

Si spillen, ënnert der Leedung vum Gaaschtdirigent Martin Rajna, ee Programm mat Wierker vu Wagner, Tschaikowski an Dvořák. 

Lauschterenplay_arrow

Programm:

  • Richard Wagner (1813-1883): Tannhäuser und der Sängerkrieg auf Wartburg WWV 70: Ouvertüre
  • Pjotr Ilijitsch Tschaikowski (1840-1893): Variatiounen iwwert ee Rokoko-Thema a La Majeur op. 33 fir Cello an Orchester
  • Antonín Dvořák (1841-1904): Sinfonie Nr.8 a Sol Majeur op. 88

Interpreten:

Benjamin Kruithof, Cello

Lëtzebuerger Philharmoniker

Martin Rajna, Direktioun

Am Viraus vum Concert hat de Lex Kauffmann d'Méiglechkeet mam Solist Benjamin Kruithof iwwert de Concert ze schwätzen. De kompletten Interview mam jonken Cellist fannt dir hei:

Interviewplay_arrow

De Concert ass nach bis de 16. Januar 2025 online disponibel.