Radioen

On air

De barocke Moien  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Trio Sonata fir Flütt, Braatsch an Harf, KV 423, I. Allegro - Bohemia Luxembourg Trio

play_arrow Live
opus

/ De Benjamin Kruithof an d'Lëtzebuerger Philharmoniker

Klassik Live // Fir nozelauschteren

De Benjamin Kruithof an d'Lëtzebuerger Philharmoniker

De Benjamin Kruithof an d'Lëtzebuerger Philharmoniker proposéieren ee Programm mat Wagner, Tschaikowski an Dvořák.

auto_stories

2 min

headphones

113 min

play_arrow
Benjamin Kruithof © Kaupo Kikkas

De jonke Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof léisst zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker d'romantesch Musek an der Philharmonie opliewen.

Si spillen, ënnert der Leedung vum Gaaschtdirigent Martin Rajna, ee Programm mat Wierker vu Wagner, Tschaikowski an Dvořák. 

Lauschterenplay_arrow

Programm:

  • Richard Wagner (1813-1883): Tannhäuser und der Sängerkrieg auf Wartburg WWV 70: Ouvertüre
  • Pjotr Ilijitsch Tschaikowski (1840-1893): Variatiounen iwwert ee Rokoko-Thema a La Majeur op. 33 fir Cello an Orchester
  • Antonín Dvořák (1841-1904): Sinfonie Nr.8 a Sol Majeur op. 88

Interpreten:

Benjamin Kruithof, Cello

Lëtzebuerger Philharmoniker

Martin Rajna, Direktioun

Am Viraus vum Concert hat de Lex Kauffmann d'Méiglechkeet mam Solist Benjamin Kruithof iwwert de Concert ze schwätzen. De kompletten Interview mam jonken Cellist fannt dir hei: Interviewplay_arrow

D'Opnam vun dësem Concert kënnt dir bis den 22. November 2024 hei oder an eiser Mediathéik nolauschteren.