Radioen

On air

Notturno  |  Frédéric Chopin - Grande polonaise brillante, Op. 22 - Shorena Tsintsabadze (Piano)

play_arrow Live
search

/ Bizet: integral an authentesch

KLASSIK ALBUM VUN DER WOCH

Bizet: integral an authentesch

E Coffret mat dräi Disken (insgesamt 63 Tracks) mat der Gesamtopnam vum Bizet senge Lieder.

auto_stories

2 min

Éischt Integrale vum Bizet senge Melodien

Bei der Gattung Lied denkt een direkt un de Schubert oder un den Hugo Wolf. Op de Bizet kënnt een net direkt. Bei deem denkt een nämlech éischter un d'Oper. Dobäi huet de Georges Bizet genuch Liederzkykle geschriwwe fir domat insgesamt 3 Alben ze fëllen. Den 9. Mee 2025 koum déi éischt Gesamtopnam ënnert dem Label Harmonia Mundi eraus. Dorop ze héiere sinn d'Sopranistin Marianne Croux, den Tenor Cyrille Dubois, d'Mezzo-Sopranistin Coline Dutilleul, de Bass-Bariton Guilhem Worms an d'Pianiste Luca Montebugnoli an Edoardo Torbianelli.

Op dëser Produktioun sinn zwee grouss Liederzyklen drop ("Vingt mélodies, Op.21" a "Seize mélodies"), zwee kuerz Zyklen ("Feuilles d'album" a "Chants des Pyrénées") a ganz vill eenzel Stécker.

Klangfaarwen an Authentizitéit

Et si 4 verschidde Stëmmen ze héieren. Dat eleng suergt scho fir Ofwiesslung, och wann se sech all duerch douce an agreabel ofgeronnten Timberen auszeechnen. Et ass eng Produktioun, déi mat charmanten Interpretatiounen iwwerzeegt, mee doriwwer eraus awer net un detailräichem Witz spuert. Wat awer virun allem erausstécht, ass de Klang vun de Pianoen. D'Opname goufen op dräi historeschen Instrumenter gemaach, déi optimal d'Period vun de Lieder soll representéieren. Erausgesicht goufen dofir zwee Pleyel-Pianoen an een Érard-Piano, déi all tëschent 1835 an 1898 gebaut goufen. Doduerch gëtt eng méiglechst authentesch Interpretatioun, wéi se am 19.Joerhonnert misst geklongen hunn, erméiglecht. Et ass vläicht och grad dee manner gefëllte, méi delikate Pianosklang, deen de Sänger erlaabt sech méi am Charme vun den doucen Nuancen opzehalen. Et ass op jidde Fall eng Integrale, déi vill méi ass wéi just eng Tounopnam vun der Nouteschrëft. Et ass en Opliewe vum Bizet am Lied-Gesang, dee sécher am Schiet vu sengen Opere steet.