Grousse Sinfoniker

De Bruckner feiert 201. Gebuertsdag

Als Uergelspiller a Komponist war den Anton Bruckner een Ausnametalent, an dach hat hie säi Liewe laang e schlechte Ruff.

auto_stories

1 min

headphones

4 min

Anton Bruckner | © picture alliance / imageBROKER | Heinz-Dieter Falkenstein play_arrow
Anton Bruckner (Foto: picture alliance / imageBROKER | Heinz-Dieter Falkenstein)

Den Anton Bruckner bleift als Meeschterwierker vun der klassescher Musek an Erënnerung, an dat obwuel hien zu senger Zäit net ëmmer seriö geholl ginn ass. Haut ass de Bruckner mat senge Sinfonien a reliéise Wierker bekannt, mee dat war awer net ëmmer sou. Réischt ganz spéit, am Alter vu 40 Joer, huet hien ugefaange mat komponéieren. Dat gouf awer mat vill Kritik an Zweifel begéint, mee hien huet sech dovun net ofhale gelooss.

Trotz sengem schlechte Ruff a senge fréiere Joer, huet hien seng musekalesch Visioun weiderverfollegt. Seng Wierker stieche raus duerch dat Monumentaalt, d’Spiritualitéit an d’Komplexitéit. Domadden huet hie mat der Zäit un Unerkennung gewonn. Haut zielt hien zu de gréisste Sinfoniker, an dat obschonns sengem tragesche Liewen.

Méi dozou verréit d’Marie Trussart.

Lauschterenplay_arrow