Radioen

On air

Wuelklang nom Iessen  |  

play_arrow Live
opus

/ De Fred Harles ass dout

D'Kultur an d'Musekszeen an Trauer

De Fred Harles ass dout

Tëschent 1978 an 2011 war de Fred Harles Direkter vum Escher Conservatoire. Hien ass am Alter vun 78 Joer verstuerwen.

auto_stories

3 min

headphones

7 min

play_arrow
Fred Harles / Quell: Conservatoire de Musique Esch-sur-Alzette

Ee Portrait iwwert de Fred Harlesplay_arrow

De Fred Harles gouf 1946 zu Péiteng gebuer an huet sech scho fréi fir d'Musek begeeschtere kënnen. Am Alter vun 22 Joer huet hien seng Etuden zu Bréissel ugefaangen- Do huet hien Trompett studéiert an den "diplôme supérieur" ofgeschloss.

1968 huet de Fred Harles och mat 22 Joer als Enseignant zu Esch ugefaangen. Zéng Joer drop ass hien zum Direkter vum Escher Conservatoire an och Nofollger vum Gustly Reimen ernannt ginn. Domat war hien tëscht 1978 an 2011 der Funktioun als Direkter 33 Joer laang trei.

„Ech hat mir zum Zil gesat 1978 als alleréischt emol d’Schoul als Solches dohinner ze stellen, dass et eng Schoul soll sinn. An dass de Museksunterrecht als en Enseignement unerkannt gëtt an net onbedéngt ëmmer nëmmen zu der Kultur zougesat gëtt, mee dass mer reegelrecht eng Schoul sinn, en Unterrechtsgebai. Dat ass mer och gelong, ech mengen, d’Schoul steet do haut wéi se steet. Si huet also misse mol di dénominatioun „Conservatoire“ méritéieren, an dat huet seng Zäit gebraucht ech sinn ëmmer der Meenung gewiescht, dass et net duergeet virun eng Schoul e Schëld ze hänken, iwwer Nuecht ännert den Numm. Dat kann net sinn, dass dat domat duer geet, do gehéiert enorm vill dozou. An dat huet seng Zäit gebraucht, dat war eng vun den Aufgaben déi ech mer gestallt hat.

Déi zweet Aufgab, dat war déi, dass ech wéilt an der ganzer Zäit wou ech d’Responsabilitéit vum Conservatoire hätt e seriöt Ënnerdaach géif siche fir d’Haus.“

Zum Conservatoire ass d'Musekschoul 1969 ernannt ginn, a war deemools nach iwwer fënnef Gebaier verdeelt. Eréischt 1993 ass de Conservatoire an de fréieren ARBEDs-Casino geplënnert, wou dann alles ënnert engem Daach gruppéiert konnt ginn. De Fred Harles huet a senger Zäit als Direkter d‘Brassband, den Harmonie- a Sinfonieorchester wéi och den Ensemble Vocal vum Escher Conservatoire an d’Liewe geruff.

Hie wollt nach weider Stilrichtunge wéi Jazz, Rock a Pop ausbauen, awer e war sech bewosst, datt dat Zäit brauch an d’Enseignanten déi néideg Formatioune brauchen.

„Kleng Schrëtt zum Zil ze kommen, Haaptaufgab ganz gutt Personal astellen och eng – ech muss dat soen, dozou stinn ech ganz gären, ech weess dass ech grouss responsabel dofir sinn – eng relativ straff Schoulorganisatioun, relativ streng Schoulorganisatioun awer am Respekt ee vis-à-vis vun dem aneren, well t' ass jo sou mir hu jo net nëmmen deene jonke Leit déi hei hinner komme Musik ze vermëttele mir hunn awer och mënschlech Wäerter ze vermëttelen, dat heescht, Respekt ee vis-à-vis vun deem anere léieren, éischtens emol Respekt ginn, da kritt e Respekt erëm an an där Devise si mer bis haut excellent gefuer, ouni dass vill geschwat gëtt.“