Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Johann Baptist Vanhal - Concerto fir Cello an Do Majeur, III. Allegro - Péter Szabó (Cello/Dir.), Sinfonietta Pannonica

play_arrow Live
opus

/ De Judo Club Stroossen huet an der Champions League gekämpft

Sport

De Judo Club Stroossen huet an der Champions League gekämpft

Et ass eng Première am Lëtzebuerger Judo: E Samschdeg war de Judo Club vu Stroossen zu Montpellier bei engem Evenement am Kader vun der Champions League am Asaz. Dëst ass den héchsten europäeschen Niveau op Clubniveau. Et ass awer net duer gaangen, fir weider ze kommen. Trotzdeem war et eng super Erfarung. 

auto_stories

1 min

"Mir ginn net als Favorit an déi Cours", sot am Virfeld den Arnaud Grisier, Trainer vu Stroossen. Et wier een dankbar a ganz houfreg, op deem Niveau kënnen ze kämpfen. Déi Stroossener Ekipp wier an deem Krees och ganz gutt opgeholl ginn. 

Et koum zu där Situatioun mat där e gerechent hat: De Stroossener Club gouf de Weekend séier gestoppt. Et ass net duer gaangen, fir eng nächst Ronn. “Mir wëlle gutt Amenter hunn an e Maximum un Erfarung sammelen", hat den Arnaud Grisier am Virfeld gesot.

Coup de pub fir de Judo 

De Judo ass zu Lëtzebuerg net esou bekannt. Dat bedauert den Arnaud Grisier. Hiren Optrëtt op der internationaler Bün huet derzou gefouert, datt vum Club geschwat gëtt. Dat begréisst den Arnaud Grisier an hofft, datt den Interesse um Judo wiisst.