Klima

De Juli 2026 war dee sonnegste Juli zënter den éischte Miessungen

Dëse Juli war de Mount mat de meeschte Sonnestonnen zënter 1947, wou et déi éischt Miessunge gouf. Dat huet MeteoLux matgedeelt. Iwwer 360 Stonnen huet d‘Sonn leschte Mount geschéngt. Am direkten Verglach mam Mount gouf et just am Juli 2022 méi Sonnestonnen hei, an zwar 17 Stonne méi.

auto_stories

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Déi fënnef Méint Juli mat de meeschte Sonnestonne waren alleguerten an de leschten zwee Joerzéngten. 

D‘Temperature louchen 2,5 Grad iwwer der Moyenne vun de leschten 30 Joer. Déi Moyenne läit bei 18,7 Grad. Dëst Joer gouf eng Moyenne vun 21,2 Grad gemooss.

Ganz dréchene Juli

An och d‘Nidderschléi leie wäit ënner der Moyenne. Um Findel läit d‘Moyenne aus de leschten 30 Joer bei 71,5 Liter op der Quadratmeter. Dëse Juli goufen um Findel nëmme 17,6 Liter gemooss.

Just 1949 war de Juli nach méi dréchen.