déi gréng fuerderen dofir ee Klima-Direktprogramm fir d'Haaptstad. Si verweisen op d'Zuele vun 2024: D'CO2-Emissioune loungen deemools 22 Prozent ënner dem Niveau vun 2014. Bis 2030 sollen se awer ëm 55 Prozent erofgoen. Den Undeel vun den erneierbaren Energien um Energieverbrauch loung bei nëmme véier Prozent.
Stad Lëtzebuerg hat sech zefridde gewisen
déi gréng fuerderen ënner anerem manner Duerchgangsverkéier, eng méi sécher Vëlosinfrastruktur, méi Luedstatioune fir Elektroautoen, e méi séieren Ausbau vu Solaranlagen, an d‘Begréngung vu méi Flächen.
Gëschter hat d'Stater Buergermeeschtesch ugekënnegt, d'Stad Lëtzebuerg wéilt bis 2050 klimaneutral sinn. Dobäi gouf ënnerstrach, datt een zënter 2014 scho vill Progrèsë gemaach hätt, ënner anerem wieren 80 Prozent vun de Stater Busser elektresch. D'Stad Lëtzebuerg wëllt elo Projeten op d'Bee stellen, fir Gebaier mat schlechtem Bilan emzerüsten, huet et geheescht.