Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ De Kreml ass géint europäesch Friddenstruppen an der Ukrain

Propos vum Donald Trump

De Kreml ass géint europäesch Friddenstruppen an der Ukrain

Russland huet sech haut um Méindeg géint d‘Stationéiere vun europäesche Friddenstruppen an der Ukrain ausgeschwat. De russeschen Ausseminister Sergei Lawrow sot haut, d‘Pläng, wéi se d‘Ekipp vum designéierte President Donald Trump virgeschloen hätt, wieren net akzeptabel.

auto_stories

1 min

Kreml | © Flickr
Foto: Flickr

Deem Plang no sollt een NATO-Bäitrëtt vun der Ukrain net virun 20 Joer geschéien an d‘Europäer sollte Friddenstruppe schécken.

Zënter e puer Woche lafen Diskussiounen ëm d‘Nokrichssituatioun an der Ukrain. Dat no dräi Joer Krich an iwwer 100.000 Doudegen a Blesséierten.