Vum 10. bis de 19. Mee war déi véiert Editioun vum Gittarefestival zu Lëtzebuerg. Nieft Ausstellunge mat Instrumenter, Liesungen, Workshoppen a Concerte goufen et och zwee Concoursen: een nationalen an een internationalen. Fir dee war d'Finale de Sonnden Owend an der Philharmonie.
Gewënner vum éischte Präis ass de Mark Zemlianskyi aus der Ukrain. Op der Finale huet hien d'Nocturne "Rêverie" vum Giulio Regondi an d'Sonata omaggio Boccherini vum Mario Castelnuovo-Tedesco gespillt.
Mat siwe Joer fänkt hien u Gittar ze spillen a studéiert dono zu Kiew. Wéinst dem Krich ënnerbriecht hien seng Studien, a mécht spéider zu Prag weider. Donieft spillt hien op sëllegen nationalen an internationale Concourse, an huet scho vill grouss Präisser a Länner wéi Polen a Japan gewonnen.
Beim internationale Gittare-Concours vum Gittarefestival 2025 zu Lëtzebuerg huet de Mark Zemlianskyi awer net nëmmen den éischte Präis vum internationale Gittare-Concours gewonnen, mee och nach de Publikumspräis.
Den zweete Präis krut de Michele Reali aus Italien, op der drëtter Plaz ass de Luis Alejandro García aus Spuenien, a véierten ass de Kostis Zachariadis aus Griicheland.