Radioen

On air

Notturno  |  Claude Debussy - Sonat fir Cello a Piano - Armance Quéro (Cello), Joseph Birnbaum (Piano)

play_arrow Live
opus

/ De Michel Barnier op der Sich no Allianzen

Regierungsformatioun a Frankräich

De Michel Barnier op der Sich no Allianzen

A Frankräich hëlt d’Regierungsformatioun méi konkret Zich un. De Premier Michel Barnier kënnt haut mam Macronistesche Lager fir eng Entrevue zesummen a vu Les Républicains ass ze héieren, et wier ee bereet fir mat an d’Regierung. Mee wéi stabil kéint esou eng Regierung sinn, wéi eng Politikslinn wäert de Barnier vertrieden a wéi steet et ëm d’Oppositioun?

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Michel Barnier | © picture alliance / ROPI | Cesareo/Fotogramma play_arrow
Foto: picture alliance / ROPI | Cesareo/Fotogramma

Nach herrscht vill Spekulatioun ëm déi zukünfteg franséisch Regierung, déi eenzeg Gewëssheet schéngt, datt si e schwéiere Stand wäert hunn. Schonn éier d’Regierung steet, huet d’Lénksallianz Nouveau Front Populaire annoncéiert, datt si dës mat engem Mësstrauensvott zur Demissioun wëll zwéngen.

Fir den Olivier Costa, Politolog vun der Sciences Po, wäert et fir de Barnier virun allem am Ufank dorëms goen, d’Iwwerliewe vun der Regierung ze sécheren.

"Le but de Michel Barnier, c’est pas tellement de trouver une majorité - je pense qu’il a assez peu de chance de la trouver - mais simplement de trouver un espèce de modus vivendi avec les groupes politiques pour faire en sorte qu’ils ne votent pas la censure tout de suite. C’est ce qu’il l‘a déjà obtenu de la part du RN et je pense que Monsieur Barnier cherche la même chose maintenant à gauche."

D'Theema Immigratioun gëtt méi staark betount

Just am Verwaltungsmodus wëll de Barnier awer net bleiwen. Besonnesch d’Theema Immigratioun kéint bei him ganz wichteg ginn an nees en eegene Ministère kréien. Den Olivier Costa gleeft och dorun, datt de Barnier Stëmme vun anere Parteien an der Assemblée sammele kann. Och seng Virgänger hätten ouni absolut Majoritéit 60-80 Prozent vun hiren Texter duerchkritt.

"On sait qu’il y a des députés qui votent toujours contre - par exemple les Insoumis - mais dans les autres formations politiques de gauche ou même au RN, ces deux dernières années, des députés ont voté certains textes quand ça leur convenait."

E weidere Pragmatiker?

De Barnier misst awer dofir en aneren Toun ewéi de Macron uschloen a sech diplomatesch weisen. Inhaltlech géif et awer schwéier ginn, sech vum President a senger Politik ofzegrenzen, well et tëschent den zwee Staatsmänner vill Gemeinsamkeite gëtt, sou den Olivier Costa.



"La grande difficulté pour Barnier, ça va être de trouver son style. Il a déjà dit que ça serait une différence dans la façon de faire, il dit qu’il sera pragmatique. Mais moi je vois pas bien la différence avec ce que proposait Emmanuel Macron jusqu’ici. Macron aussi, c’était le pragmatisme."

De Rassemblement National denkt schonn un déi nächst Presidentiellen

Am Géigesaz zum Nouveau Front Populaire wëll de rietsextreme Rassemblement National de Michel Barnier a seng Regierung net direkt zu Fall bréngen, mee hire Regierungsprogramm ofwaarden. Dës Zréckhalung huet dem Olivier Costa no awer och taktesch Grënn.



"Le fait que Madame Le Pen aujourd’hui ait une attitude constructive, en disant qu’elle ne va pas censurer tout de suite le gouvernement de Monsieur Barnier, c’est parce qu’elle aussi pense aux élections présidentielles [de 2027]."

Zwee Méint huet Frankräich op een neie Premier gewaart, dem Olivier Costa no, wier dat an dëser schwiereger Konstellatioun awer verständlech. Elo awer kéint ee bei der Regierungsformatioun mat méi Tempo rechnen - vläicht schonn am Laf vun dëser Woch.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
International
Politik a Gesellschaft