Radioen

On air

Notturno  |  Gioachino Rossini - Petite messe solonnelle, VI. O salutaris hostia - Eleonora Buratto (Sopr.), Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, Gustavo Gimeno (Dir.)

play_arrow Live
search

/ De Requiem vum Gabriel Fauré

Fauré: 100. Doudesdag

De Requiem vum Gabriel Fauré

De véierten November ass den honnertsten Doudesdag vum Gabriel Fauré. Lauschtert eent vu senge bekanntste Wierker mam BBC Symphony Orchestra & Chorus.

auto_stories

2 min

headphones

122 min

© ©BBC Chris Christodoulou play_arrow
©BBC Chris Christodoulou

Vun de Londoner Proms iwwerdroen den opus a radio 100,7 mam Joachim Fontaine, de Requiem vum Gabriel Fauré. E Wierk wat hien 1888 am Undenken u seng verstuerwen Eltere komponéiert huet. Eng Doudemass, déi nei Téin uschléit: dat martialescht „Jüngste Gericht“ vum „Dies Irae“ léisst de Komponist hei op der Säit a schreift e Wierk wat d’Mënschen tréischte soll. Déi schlicht Melodien, inspiréiert vun der Gregorianik, léisst de Fauré a subtillen an harmonesche Faarwen opbléien.

Donieft stoungen um Programm vum BBC Symphony Orchestra a Chouer – ënnert der Leedung vum Stéphane Denève – zwee reliéis inspiréiert Wierker vun der jonk verstuerwener Lili Boulanger: „Pie Jesu“ a „Vieille prière“. D’Lili Boulanger war déi éischt Fra déi de renomméierte Prix de Rome gewonnen huet. E weidert Stéck um Programm ass e richtegt Meeschterwierk vum franséischen Impressionismus: d’Orchestersuite vun Daphnis et Chloë vum Maurice Ravel.

Lauschterenplay_arrow

Programm:

Lili Boulanger – Pie Jesu
Gabriel Fauré – Requiem, Op. 48
Gabriel Fauré – Suite aus ‘Pelléas et Mélisande‘, Op. 80
Lili Boulanger – Vieille prière bouddhique
Maurice Ravel – Suite Nr.2 , aus ‘Daphnis et Chloé’

Interpreten:

Golda Schultz, Sopran
Jacques Imbrallo, Bariton
Laurence Kilsby, Tenor
BBC Symphony Chorus
BBC Symphony Orchestra
Stéphane Denève, Direktioun