Radioen

On air

Musek fir déi ganz Famill  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Rondo fir Gei an Orchester, KV 373 - Zefira Valova (Gei/Dir.), Il Pomo d'Oro

play_arrow Live
opus

/ De Schëffsverkéier op der Musel soll éischter wéi geplangt rëm funktionéieren

Reparaturaarbechte komme gutt virun

De Schëffsverkéier op der Musel soll éischter wéi geplangt rëm funktionéieren

Déi knapps iwwert 70 Schëffer, déi op der Musel wéinst enger futtis Schléiss am däitsche Müden festhoungen, konnten nach viru Chrëschtdag duerch déi provisoresch Noutschleis bruecht ginn. Dat seet de Spriecher vun der däitscher Schëfffaart-Verwaltung. 

auto_stories

1 min

headphones

1 min

© picture alliance/dpa | Thomas Frey play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Thomas Frey

Et hätt een haut nach bis an de freien Nomëtteg déi läscht Schëffer virun de Feierdeeg duerchgeschleist – zwee Schëffer hätten nach Fracht opgelueden a géife fräiwëlleg eréischt no de Feierdeeg an d’Noutschleis kommen, esou den Ulrich Zwinger. D‘Reparaturaarbechte un der futtisser Schleis zu Müden solle schonn Enn Januar ofgeschloss sinn an d‘Schleis kéint erëm den 1. Februar opgoen, sou déi däitsch Schëffahrtverwaltung.

"Wir haben jetzt unsere Planung so weit optimiert, dass wir jetzt unmittelbar, nachdem wir die letzten Schiffe am Freitag den 27. geschleust haben werden wir sofort die Baustelle einrichten so, dass wir Anfangs Januar mit den Sanierungsarbeiten anfangen können und wir beabsichtigen diese bis Ende Januar abgeschlossen zu haben. Sodass ab Februar wieder geschleust werden kann."

Lauschterenplay_arrow

Wann keen uergt Héichwaasser kënnt géif een deen Delai och viraussiichtlech kënnen anhalen, esou nach de Spriecher vun der Schëfffaart-Verwaltung. Am Ufank war een dovun ausgaangen, dass d’ Reparaturaarbechten un der Schleis bis Mäerz d‘nächst Joer dauere géifen.