Energie

De Wirtschaftsministère lancéiert e weideren Appell fir Agri-Voltaikanlagen ze bauen

Et ass den drëtten Appell vum Wirtschaftsministère fir Agri-PV-Anlagen zënter leschtem Joer. D'Iddi dohannert ass et, datt d'Baueren hir Felder zur Verfügung stelle fir Photovoltaikanlagen drop ze bauen.

auto_stories

1 min

© Ana Angel
(Foto: Ana Angel)

D'Bauere kréien da wärend 15 Joer eng Prime de marché fir d'Elektresch, dat si doriwwer aspeisen. D'Offere kënne bis de 15. Januar nach eragereecht ginn. 

Am Oktober 2024 war déi éischt Agri-Voltaikanlag installéiert ginn. 

Et gëtt och een neien Appell fir grouss PV-Anlagen op groussen Diecher a Surfacen ze bauen. Déi Offere musse bis Enn Oktober dobanne sinn.