Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Arcangelo Corelli - Concerto Grosso Nr.8 a Sol Mineur, Op.6 "Fatto Per La Notte Di Natale", II. Ada - Solistes Européens, Luxembourg, Jack Martin Händler (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ De Wollef ass an der EU net méi esou streng geschützt

Well ze vill Schof gerass géife ginn

De Wollef ass an der EU net méi esou streng geschützt

Zënter haut Freideg gëllt fir de Wollef an der EU méi en niddrege Schutzstatus, d‘Klassifikatioun als strikt geschützten Aart fällt ewech.

auto_stories

1 min

Wollef | © Bigstock / Property#1
Wollef (Foto: Bigstock / Property#1)

Op Demande vun der EU huet de permanente Comité vun der Berner Konventioun déi Decisioun geholl, dat mam Argument, et géifen ze vill Schof gerass ginn. Dräi Staate wëllen dëse Changement allerdéngs net: Déi tscheschesch Republik, Monaco an Groussbritannien. Lëtzebuerg hat mat dofir gestëmmt, datt et an Zukunft méi einfach gëtt, Wëllef kënnen ze schéissen.