Radioen

On air

Musikalesch Häpperecher  |  Marc Shaiman (arr. Klaus Wagenleiter, Anna Scheps) - Haapttheema, aus 'Patch Adams' (Filmmusek) - Anna Scheps (Piano)

play_arrow Live
opus

/ De Wonsch no enger neier Cité judiciaire

No 16 Joer schonn ze kleng

De Wonsch no enger neier Cité judiciaire

Déi aktuell Cité judiciaire ass zwar eréischt viru 16 Joer opgaangen, mee schonn deemools wieren déi physesch Limitte vun de Gebaier visibel gewiescht, esou den Thierry Hoscheit. Dofir huet hie gëschter um Donneschdeg an der Chamber-Justizkommissioun säi Wonsch no engem neie Site an der Stad widderholl. 

auto_stories

4 min

headphones

4 min

© E. Schittenhelm / Adobe Stock play_arrow
Déi aktuell Cité judiciaire ass viru 16 Joer opgaangen, am Oktober 2008. (Foto: E. Schlittenhelm / Adobe Stock)

D'Deputéiert haten de President vun der Cour supérieure de justice Thierry Hoscheit gëschter um Donneschdeg invitéiert, fir een Iwwerbléck iwwer déi aktuell Problemer ze kréien, dorënner och Infrastrukturproblemer. Schonn am Aktivitéitsrapport vun de Juridictions judiciaires 2023 hat den Thierry Hoscheit recommandéiert, den aktuelle Site um Helleg-Geescht-Plateau opzeginn, an eng nei Cité judiciaire ze bauen. 

Den Affekoten d'Liewe méi einfach maachen

Déi aktuell Cité judiciaire ass viru 16 Joer opgaangen, am Oktober 2008. Elo wier awer definitiv net méi genuch Plaz fir all d’Justiz-Instanzen a -Servicer op engem eenzege Site, mengt den Thierry Hoscheit.

"Fuerderung ass ee staarkt Wuert. Eise Besoin ass, datt mir eng Infrastruktur kréien, déi grouss genuch ass fir all eis Leit, déi de Moment an der Cité judiciaire an an deene Satellittebüroe ronderëm sinn, fir déi op enger Plaz kënnen zesummenzehuelen."

Dat wier wichteg fir eng gutt Zesummenaarbecht, an och fir d'Liewe vun den Affekote méi einfach ze maachen, esou am 100,7-Interview de President vun der Cour supérieure de justice.

"Eis Demande ass ganz konkret fir een eenzege Site ze hunn, deen dann och antizipéiert op zukünfteg Evolutiounen, wou dann och Extensiounspotential besteet, fir zukünfteg Magistraten a Fonctionnairen ënnerzebréngen."

Thierry Hoscheit | © Serge Kesseler
Den Thierry Hoscheit ass President vun der Cour supérieure de justice. (Foto: Serge Kesseler)

"Mir wëssen alleguer, datt dat ganz laang dauert"

Den Thierry Hoscheit huet confirméiert, datt dat de Bau vun enger neier Cité judiciaire op der grénger Wiss géif bedeiten. Hie wéisst awer och, datt dat nach laang dauere kéint.

"Et muss ee fir d’éischt de gëeegenten Terrain fannen. Et muss ee Pläng ausschaffen. Et muss een ee Gesetzesprojet stëmmen. Mir wëssen alleguer, datt dat ganz laang dauert."

Vun der éischter Iddi fir déi aktuell Cité judicaire um Helleg-Geescht-Plateau 1991, bis zur Aweiung 2008 ware 17 Joer vergaangen. Änleches géif fir een eventuellen Neibau gëllen, erkläert den Thierry Hoscheit.

"Mee wann een haut net ufänkt, an et seet een, et dauert 15 Joer, dann huet een et a 15 Joer. Wann een deen do Projet eréischt a fënnef Joer ugeet, dann huet een en eréischt an 20 Joer.

D'Iwwergangszäit wier natierlech komplizéiert, gëtt den Thierry Hoscheit ze bedenken. Dat misst een dee Moment mat Satellittesitte geréieren, wéi dat och elo schonn deels de Fall ass. Dat féiert momentan och dozou, datt net onbedéngt all Büro op "walking distance" vun der Cité judiciaire läit, esou den Thierry Hoscheit. 

Versteesdemech bei den Deputéierten

Wéinst där momentaner Situatioun géifen et och eng Rei Problemer ginn.

"En terme vun Transport vun den Dossieren, Securitéit vun den Dossieren, Securitéit vun de Leit, déi do vun enger Plaz op déi aner ginn."

De Site vun enger eventueller neier Cité judicaire misst an der Haaptstad bleiwen, esou den Thierry Hoscheit. Et gëtt nämlech eng konstitutionell Contrainte, déi mécht, datt de Site um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg muss sinn. 

D'Deputéiert géifen de Problem gesinn, huet de President vun der Cour supérieure de justice no der Sitzung vun der Justizkommissioun festgestallt.

"Eng Rei vun hinnen erliewen dat jo och am Alldag mat, well si selwer Affekot sinn. Ech hat schonn d’Impressioun, wéi wann deen dote konkrete Punkt op ee positiven Echo gefall ass."

Lauschterenplay_arrow