Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Johannes Brahms - Sérénade Nr.2 a La Majeur, Op. 16, IV. Quasi menuetto - Linos Ensembel

play_arrow Live
opus

/ De Xavier Bettel geet vu schwierege Verhandlungen aus

Eventuell Wafferou an der Ukrain

De Xavier Bettel geet vu schwierege Verhandlungen aus

D’Friddensverhandlungen tëschent den USA an der Ukrain wieren e Schrëtt an déi richteg Richtung. Dat sot den Ausseminister Xavier Bettel am 100,7 Interview. Ob dës elo lo zu engem definitive Fridden tëscht der Ukrain a Russland féiere wäerten, dat géif eis d'Geschicht da weisen, sou den Ausseminister.

auto_stories

1 min

De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel. | © European Union
Foto: European Union

De Xavier Bettel ënnersträicht, datt een nom Eclat am Wäissen Haus viru knapp zwou Wochen tëschent dem US-President Donald Trump an dem ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj kéint frou sinn, datt déi zwou Delegatiounen nees matenee schwätzen. Decisioun géif lo bei Russland leien, esou de Xavier Bettel.

Selenskyj bleift mësstrauesch

Den amerikaneschen Ausseminister Marco Rubio huet confirméiert, datt d’USA sech nach haut um Mëttwoch wéilte mat Russland zesummesetze fir e Waffestëllstand ze negociéieren.

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet um Mëttwochmëtteg op enger Pressekonferenz betount, datt hie kee Vertrauen a Russland hätt, wat d’Duerchsetzunge vun enger kompletter Wafferou ugeet. Dat mellt déi franséisch Presseagence AFP.