Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Sinfonie Nr.29 a La Majeur, KV 201, II. Andante - Elblag Chamber Orchestra, Marek Mos (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ D’Spargelsaison steet an de Startlächer

Eng gutt Recolte gëtt sech erwaart

D’Spargelsaison steet an de Startlächer

Zënter enger gudder Woch leeft zu Hënsdref d'Recolte vun de Spargelen, dem beléifte Fréijoersgeméis, dat fir Ouschteren op villen Tellere Plaz fënnt. Deem gréisste Spargelproduzent hei am Land no kann ee sech op eng gutt Recolte astellen.

auto_stories

2 min

headphones

4 min

D'Recolte vun de Spargele geet nach bis den 23. Juni.  | © Bigstock play_arrow
D'Recolte vun de Spargele geet nach bis den 23. Juni. (Foto: Bigstock)

Den Yves Hoffmann bedreift an drëtter Generatioun de Bauerebetrib Um Sonnebierg. Dësen ass mat sengen 10 Hektar Produktiounsfläch dee gréisste Spargelproduzent am Land. Hien erwaart sech eng gutt Recolte. 

"Mir hate relativ gutt Temperaturen am Ufank, déi d’Spargelen dunn e bëssen dozou bruecht hunn, datt se solle wakereg ginn am Buedem."

Déi ideal Buedemtemperature fir d'Spargele leie bei 12 Grad. Eréischt bei méi waarme Wäerter fänke si u "mat Wibbelen am Buedem", wéi den Yves Hoffmann am 100,7-Interview seet.

Déi éischt Méint vum Joer ware méi dréchen. De Mangel u Reen hat awer weider keen Impakt op d'Spargelen. 

"Mir schwätzen do vun enger Déift, wou d’Wuerzelen higinn, vu 40 bis 50 Zentimeter déif. An ech mengen, esou déif am Buedem hues du nach ëmmer eng gewësse Fiichtegkeet."

Saisonsaarbechter:inne si gefrot

Wéi vill Bauerebetriber am Land gräift och den Yves Hoffmann op Saisonsaarbechter:innen aus dem Ausland zeréck. Virun allem Leit aus Pole komme bei hie schaffen. Um Ufank vun der Saison ginn 2 bis 3 Puer Hänn zur Hëllef geholl. Soubal d'Saison awer richteg lassgeet, an 800 bis 900 Kilo Spargelen den Dag erausgeholl ginn, schaffe bis zu 17 Leit um Feld. 

D'Saison vun de Spargele geet all Joer bis den 23. Juni. Dat huet näischt mam Nationalfeierdag ze dinn, mee mam sougenannte Johannistrieb, wéi den Yves Hoffmann erkläert.

"Et gëtt ëmmer gesot, ab deem Datum soll s de ophale mat Spargelstiechen, fir datt dee Plang sech erëm kann opbauen, fir d’Saison duerno, datt se erëm Paus kritt."

Lëtzebuerger kafe regional a saisonal

An de Lëtzebuerger Butteker fënnt een och vill Spargelen aus dem Ausland. Den Yves Hoffmann gesäit doranner awer keng gréisser Konkurrenz. Als ee vun den eenzegen a gréisste Produzenten zu Lëtzebuerg feelt et dem Spargelbauer net u Clientèle.

"Lëtzebuerger Clienten, déi setze relativ vill op regional a saisonal, (...) fir Lëtzebuerger Betriber kënnen ze ënnerstëtzen an deem Punkt."

Seng Wuer géing hien dofir all Dag lassginn, esou nach den Yves Hoffmann.

Text: Kim Winkel

Lauschterenplay_arrow