Radioen

On air

Musek fir déi ganz Famill  |  Alexander Borodin - Sträichquartett Nr.2 a Ré Majeur, II. Scherzo. Allegro - Mandelring Quartett

play_arrow Live
opus

/ Déck Loft tëschent der EU a China: Peking geheit Bréissel Protektionismus vir

Wéinst den EU-Zousaztaxen

Déck Loft tëschent der EU a China: Peking geheit Bréissel Protektionismus vir

Wéinst den EU-Zousaztaxen op elektresch Autoen aus China huet Peking eegenen Aussoen no d'Welthandelsorganisatioun saiséiert. China geheit Bréissel Protektionismus vir.

auto_stories

1 min

© picture alliance / ROPI | Tang Ke/Utuku
Foto: picture alliance / ROPI | Tang Ke/Utuku

Déi zousätzlech Taxe sinn um Mëtternuecht (30.10) a Kraaft getrueden. Bei déi aktuell Tax vun 10 Prozent op Elektroautoen aus China kënnt dann eng Zousaztax derbäi vu bis zu 35 Prozent.

Der EU-Kommissioun no géife chineesesch Produzente vun onfaire staatleche Subventioune profitéieren, déi hinnen et erlaabt, hir Elektroautoen an Europa 20 Prozent méi bëlleg ze verkafen, wéi Modeller, déi an der EU produzéiert ginn.