Um Programm vum Fréijoersconcert vum 'Orchestre National des Jeunes du Luxembourg' steet dem Johannes Brahms säi monumentale Geieconcerto. Invitéiert gëtt dofir déi däitsch Solistin Antje Weithaas. Mee och déi jonk Museker aus dem Orchester sinn deelweis solistesch gefuerdert, an zwar an enger Sinfonie vum Joseph Haydn. Em wat et sech bei dësem Programm handelt, huet den Dirigent Pit Brosius am Interview mam Christophe Mirkes verroden.
Weider Detailer zum Concert ginn et hei.