déi gréng argumentéieren, datt eng Entlaaschtung fir jiddereen net gerecht fir Bierger:inne mat engem nidderegen Akommes, fir Elteren a fir sougenannte Care-Aarbechter:inne wier.
déi gréng wëllen nëmmen Entlaaschtung fir niddreg Akommes
Ausserdeem kéint sech de Staat des Reform, déi 1 Milliard manner Steieren andreiwe géif, net leeschten, seet de Fabricio Costa, Member am Stater Gemengerot.
"65 Prozent vun der Gesamtentlaaschtung geet un déi méi akommesstaark Hallschent vun der Populatioun. An et sinn déi 20 Prozent vun de Menagë mat den héchsten Akommes, déi souguer am meeschte vun dëser Reforme profitéieren."
Dat wier een Desequiliber en faveur vun deene méi héije Revenuen.
"Esouguer wann een e puer 100.000 Euro am Joer verdéngt, kritt ee mat dëser Reform nach eng Entlaaschtung. An do muss ee sech an eisen Aen d'Fro stellen, ass dat déi richteg Reform an enger Zäit, wou vill Leit d'Enner net méi beienee kréien, wou d'Wirtschaft et schwéier huet a wou de Staat massiv Sue brauch, fir ze investéieren an d'Zukunft fir déi nächst Generatiounen an och fir d'Biergerinnen a Bierger vun haut."
Déi gréng fuerderen aplaz vun enger Entlaaschtung fir jiddereen, nëmmen eng Steierreduktioun fir Stéit mat engem niddregen Akommes a fir Eltere vu Mineuren, esouwéi eng Besteierung op Gewënner aus Aktiespekulatioun.
Esou hätt de Staat dann och méi Budget fir géint Logementskrisen a Staatsverscholdung fir ze goen.
Och d'LSAP hat schonn ugekënnegt, datt een déi geplangte Reform net wäert matstëmmen. Dat mam Argument, se wier net sozial gerecht a géing ze vill Sue kaschten.