Educatioun

Ausbau vu franséischer Offer an de Lycéeën - Enseignantsgewerkschaften iwwerrascht

Vun der Rentrée 2026/2027 sollen et franséischsproocheg 7ième-Klassen am Classique an am Général an alle Regioune vum Land ugebuede ginn, esou den DP-Educatiounsminister Claude Meisch. Bis elo war dës Offer nëmmen op verschidde Lycéeë limitéiert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Den Educatiounsminister Claude Meisch | © Jo Welfringer play_arrow
Den Educatiounsminister Claude Meisch (Foto: Jo Welfringer)

Ausgebaut gëtt och d’Beruffsausbildung. Vun der nächster Rentrée un néng nei DAP-Formatiounen op Franséisch dobäikommen.

Zousätzlech gëtt och d’Offer op Englesch erweidert, mat dräi diplomes de technicien an aacht DAP-Formatiounen. Dem Claude Meisch no bleiwen d'Léierprogrammer onverännert.

Et géif dem Claude Meisch no och keng gréisser Changementer fir d'Enseiganten duerstellen.

"Mer haten och schonn Enseignanten, déi d'Gewunnecht haten, op Franséisch ze ënnerriichten. Ech wëll och soen, datt Franséisch jo net eng ganz nei Sprooch ass fir eise Schoulsystem. An den ieweschte Klassen, zum Beispill am Enseignement secondaire classique ass dat ganz normal Unterrechtssprooch." 

Beim Recrutement géif ee jo op ganz héich Kompetenzen an deene dräi Landessprooche kucken, esou de Claude Meisch. 

"Soudatt mer dovunner ausginn, datt de Gros vun eisen Enseignanten och absolutt prett ass fir op Franséisch kënnen ze ënnerriichten. Eigentlech awer nach ëmmer dee selwechte Cours, mee just an enger anerer Sprooch, wéi se bis elo gemaach hunn.”

Donieft soll am Secondaire Classique vun der Rentrée 2027/2028 un och ee Pilotprojet mat däitschsproochege Sektiounen an den ieweschte Lycée-Klasse lancéiert ginn. Dem Educatiounsminister Claude Meisch no bleiwen d’Léierprogrammer dobäi onverännert.

Zil wier et, de Schüler:inne méi Choix ze ginn an d’Chancëgläichheet an engem méisproochege Schoulsystem ze stäerken, esou den DP-Minister. 

Enseignantsgewerkschafte goufe vun der Annonce iwwerrascht

D’Enseignantsgewerkschaften weise sech iwwerrascht iwwer dës Ukënnegung a bedaueren, net an dëse Projet mat agebonne ginn ze sinn.

Nom Projet Alpha am Fondamental wier d’Iddi vun sou enger Offer am Secondaire zwar scho kurséiert, mee vun dësem flächendeckenden Ausbau wier ee réischt duerch d’Press gewuer ginn, seet d’Secondaires-Spriecherin vum SEW-OGBL Vera Dockendorf op Nofro hin. Och de President vun der FEDUSE Raoul Scholtes bedauert dat an huet Bedenken zu der kuerzer Virlafszäit fir dëse Projet.

"Éischtens mol vum System riskéiere mer do nach eng nei Parallelliséierung dobäi ze kréien, déi et der Schoul sou als Integratiounsfacteur nach méi schwéier mécht. An natierlech kënnen dës Enseignante sech op vill Sproochsituatiounen astellen. Et ass just ëmmer schued, wa se et esou kuerzfristeg mussen."

Lauschterenplay_arrow