Fussball-WM

Iranesch Fussballspiller hu Visa an den USA accordéiert kritt, 15 Staff-Memberen net

D‘nächst Woch fänkt d‘Fussball-WM an den USA, Mexiko a Canada un. Déi iranesch Fussballspiller hunn elo hir amerikanesch Visaen accordeiert kritt. Dat zu engem Ament, wou den Iran an d‘USA sech géigesäiteg am Golf ugegraff hunn.

auto_stories

1 min

Eng 15 Leit vum sportlechen an medezineschen Staff vun der Ekip kruten den Visa awer refuseiert, huet déi iranesch Norichtenagence. Och de President vun der iranescher Fussballfederatioun, e fréiere Kommandant vun den iraneschen Revolutiounsgarden, däerf net aressen. 

D‘Iraner spillen déi éischt dräi Matcher vum Tournoi an den USA.