Fir iwwer 700 Schüler:innen

Déi nei Musekschoul zu Péiteng

De 27. Februar ass déi grouss Aweiung vun der neier Péitenger Musekschoul - wat ass alles nei a wat steet deen Dag um Programm? De Lex Kauffmann vum Opus war sech dat neit Gebai méi genau ukucken.

auto_stories

2 min

headphones

8 min

E puer Andréck vun der neier Musekschoul zu Péiteng | © Lex Kauffmann / opus 100,7 play_arrow
E puer Andréck vun der neier Musekschoul zu Péiteng (Foto: Lex Kauffmann / opus 100,7)

Lauschtert hei de ganze Reportage vun der neier Péitenger Musekschoul an hirem Concertssall.

Lauschterenplay_arrow

Zanter elo 58 Joer gëtt et zu Péiteng, am Süde vum Land, eng eege Musekschoul. Mat engem Zil: alleguerten eng musikalesch Ausbildung erméiglechen, fir spéider a Veräiner hir musikalesch Passioun ausliewen ze kënnen.
Well mëttlerweil esou vill Schülerinnen a Schüler ugemellt sinn, huet d’Schoul missen ausgebaut ginn. De 27. Februar ass déi grouss Aweiung, ënnert anerem mat engem grousse Concert am neie Concertssall!

Entstanen am Kader vun engem Concours

2017 gouf ee Concours ausgeschriwwen, wou méiglech Propose fir een Design vun der Musekschoul eragereecht goufen. Ee Lëtzebuerger Architektebüro konnt de Concours fir sech entscheeden. 2019 gouf de Bau vun enger neier Musekschoul unanime ugeholl an 2020 konnt et mam Bau lassgoen.

Dat neit Gebai an Zuelen

Op ronn 8.500m2 Surface bitt déi nei Péitenger Musekschoul aktuell Plaz fir 33 Enseignanten an iwwer 700 Schülerinnen a Schüler. 17 Sall fir Instrumenter, Gesang oder och Solfègecoursen. Dobäi kommen Openthaltsräim oder Prouwkabinnen wéi och eng Cafeteria am groussen Hall vum Gebai.

Highlight ass de neie Concertssall

Den Highlight vun der neier Péitenger Musekschoul ass de Concertssall mat Plaz fir 265 Leit. Gepolstert Sëtzplaze mat enger angeneemer Vu op d'Bün, déi bis zu 120 Musekerinnen a Museker Plaz bitt. Dobäi komme Rideaue fir de Sall un déi jeeweileg Veranstaltung unzepassen. Ee gewellten, gëllene Plafond deen um Reine Elisabeth Sall zu Antwerpen inspiréiert ass wéi och ee ganz neie Concertsfliigel mat Anlag fir grouss Veranstaltunge sinn am Sall ënnerbruecht.

D'Aweiung ass de 27. Februar 2026

Ageweit gëtt déi nei Musekschoul zu Péiteng mat hirem grousse Concertssall de 27. Februar 2026. De ganzen Dag iwwer gëtt ee musikalesche Programm gebuede mat lokalen Ensembelen, Schülerinnen a Schüler wéi och Proffen déi matwierken. Een Highlight ass ee Concert mam Pianist Francesco Tristano an dem Orchestre de Chambre du Luxembourg (OCL).