Energie

Stad Déifferdeng lancéiert Plattform fir Stroum aus erneierbare Sourcen ze deelen

D’Stad Déifferdeng deelt de Lancement vun enger E-Communautéit mat. Dat ass eng Plattform iwwert déi Stroum aus erneierbare Source ka gedeelt ginn. Déi Plattform ass fir ëffentlech, professionell a privat Acteuren um Territoire vun der Gemeng op.

auto_stories

1 min

© picture alliance / CHROMORANGE | Elke Münzel
(Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Elke Münzel)

Domat wéilt een déi energeetesch Transitioun um lokalen a regionale Plang fërderen, heescht et an engem Communiqué vun der Gemeng. Déi E-Communautéit funktionéiert ënnert dem Statut vun enger Cooperative.

7,5 Cent pro Kilowattstonn

Iwwert déi Plattform kéint een déi lokal Stroumproduktioun valoriséieren, mee och de Präis selwer bestëmmen. Deemno wier een net méi vun den internationale Mäert ofhängeg.

D’Produzente kréie pro Kilowattstonn 7,5 Cent bezuelt. Och d’Konsumente kéinten hir Stroumrechnung erofdrécken.