D'Noemi Deitz ass Musekswëssenschaftlerin, Museksautorin a Museksredakteurin. 2021 huet si iwwer d'Komponistin Helen Buchholz promovéiert. Hire Fokus bei hire Projeten, läit op der Musek, dem Gender a Lëtzebuerg. Am Abrëll dëst Joer koum hiert Buch "Helen Buchholtz. Komponieren zwischen zwei Welten" eraus. Si erzielt dem Marie Trussart ënner anerem, wat d'Helen Buchholz als Komponistin esou spannend mécht, a wéi si eréischt Joerzéngten no hirem Doud erëm entdeckt gouf.