Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Elfrida Andrée - Pianosquartett a La Mineur, III. Finale: Allegro - Trio Nordica

play_arrow Live
search

/ Neijooschconcert am CAPE

Klassik Aktuell

Neijooschconcert am CAPE

Dëse Freiden (09.10) dirigéiert d'Delyana Lazarova d'Junge Deutsche Philharmonie am CAPE. E Neijooschconcert ënner dem Motto "Celebrations mat amerikanesche Klassiker wéi dem Copland, Gershwin a Bernstein, esou wéi d'Opféierung vum engem Optragswierk.

auto_stories

1 min

headphones

5 min

play_arrow
Delyana Lazarova © Marco Borgreve

D'Dirigentin Delyana Lazarova ass dëss Saison op international Tournée mat der Nordwestdeutscher Philharmonie a mam Kammerorchester Basel. Si dirigéiert awer och d'Junge Deutsche Philharmonie: en Orchester bestoend aus deene beschte Student:innen aus de Musekshéichschoule vum däitschsproochege Raum. Dëse Freiden (10.01) kommen si op Lëtzebuerg a spillen e Neijooschconcert ënner dem Motto "Celebrations". Um Programm sinn amerikanesche Klassiker wéi de Copland, Gershwin a Bernstein, esou wéi eng Optragskompositioun. D'Marie Trussart huet mat der Dirigentin ënner anerem doriwwer geschwat, wéi eng Roll den Orchester zanter 50 Joer fir d'Musekswelt nach ëmmer spillt.

Lauschterenplay_arrow