Radioen

opus100,7
  • radio100,7
  • opus100,7
On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Emilie Mayer - Trio Nr.3 a Mi bémol Maj. fir Piano, Gei an Cello, III. Tempo di Menuetto - Klaviertrio Hannover

play_arrow Live
search

/ Weber - Clarinet Concertos & Quintet

Klassik Album vun der Woch

Weber - Clarinet Concertos & Quintet

Et ass dem Klarinettist Arthur Stockel säin éischte perséinleche Release.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

play_arrow

Den neien Release aus Lëtzebuerg ass komplett dem Carl Maria von Weber a senge bekanntste Wierker gewidmet. Domat ass da kloer, dass Klarinett drop ze héieren ass. Déi gëtt vum Arthur Stockel, Soloklarinettist bei de Lëtzebuerger Philharmoniker gespillt an och vum Orchester um Disk begleet.

De Lex Kauffmann aus eiser Klassik-Redaktioun huet sech den Disk ugelauschtert an huet méi Detailer an Extraite matbruecht.

Lauschterenplay_arrow

E Projet mat vill Higab

Den Arthur Stockel beschäftegt sech schonn immens laang mat der Musek vum Carl Maria von Weber. Dat läit un engem Concours bäi deem de Klarinettist deelgeholl an och gewonnen hat. Do hat hien dem Weber seng Klarinetteconcertoe gespillt. En éischte Kontakt mat de Klarinetteconcertoen vum Weber hat den Arthur Stockel scho mat 13 Joer.

Ee brillante Klang mat vill Emotiounen

Den Album start direkt voll an Aktioun! Am Klarinetteconcerto Nr.1 op.73 gëtt eng grouss Präsenz vum Orchester opgebaut an och de Klarinettist léisst net laang op sech waarden. Den Arthur Stockel zitt d'Nolauschterer an d'Nolauschterinnen an eng perséinlech Liewensgeschicht. Et huet een d'Impressioun, et géife perséinlech Erfarunge mam Weber senger Musek verzielt ginn. Vun doucen, brillante Passagë geet et an operenhaft, theatral Momenter eran. Eng immens erfrëschend Balance!

Zesummenaarbecht mam Quatuor Hanson, de Lëtzebuerger Philharmoniker an dem Dirigent Leo McFall

Den Album ass an Zesummenaarbecht mat de Lëtzebuerger Philharmoniker entstanen. Si gi vum Leo McFall dirigéiert; ee Museker, deen den Arthur Stockel gutt kennt. De Quatuor Hanson spillt am Klarinettequintet mam Arthur Stockel a bréngt domat ee flotte kammermusikaleschen Hauch an de Release.

Fazit

Mat ronn 70 Minutten Durée ass "Weber - Clarinet Concertos & Quintet" vum Arthur Stockel eng Produktioun, bäi där fir all Gemittszoustand eppes dobäi ass. Ee perséinleche Coup de Coeur ass de Klarinettequintet mam Quatuor Hanson, wou de samettegen Toun vun der Klarinett immens gutt erauskënnt.

Programm vum Album:

  • Klarinetteconcerto Nr.1 a Fa mineur op.73
  • Klarinettequintett op.34
  • Klarinetteconcerto Nr.2 an Mi bémol Majeur op.74

Interpreten:

  • Arthur Stockel, Klarinettist
  • Lëtzebuerger Philharmoniker
  • Leo McFall, Dirigent
  • Quatuor Hanson

live

Live