Fir den 200. Gebuertsdag vum Anton Bruckner, de 4. September, gëtt vrun allem op seng Symphonien an déi eenzel Etappe vun hirer Entsteeung gekuckt. Nei Opname vun der Kierchemusek, mat där de Bruckner am Fong ugefaangen huet, si sielen. Elo huet de Chouer vum Bayresche Rundfunk an de Münchner Rundfunkorchester eng fréi Mass, Motetten a Wierker fir Bléiserensemble opgeholl.