Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Henryk Górecki - Sinfonie Nr. 3, Op. 36 "Symphony of Sorrowful Songs", II. - Dawn Upshaw (Sopr.), London Sinfonietta, David Zinman, (Dir.)

play_arrow Live
search

/ Dem Haydn seng Schöpfung

Concert

Dem Haydn seng Schöpfung

E Concert ënnert der Leedung vum Pierre Cao

auto_stories

2 min

© © Christian Peckels
© Christian Peckels

Dëse Concert ass de 27. Abrëll 2024 am Stater Conservatoire opgeholl ginn, organiséiert vum INECC (Institut Européen de Chant Choral Luxembourg). Dir kënnt de Concert bis den 20. November 2024 an der Mediathéik vum opus 100,7 nolauschteren.

Programm:

Joseph Haydn: Die Schöpfung – Oratorium an 3 Deeler 

Interpreten:

Pierre Cao, Direktioun
Lenneke Ruitens, Sopran (Erzengel Gabriel, Eva)
Tobias Hunger, Tenor (Uriel)
Thomas E. Bauer, Bass (Raphael, Adam)
Ensemble Vocal du Luxembourg
Ambitus
Orchestre Estro Armonico

1798 huet de Joseph Haydn den Oratorium “Die Schöpfung” fäerdeg geschriwwen. Säi grousst Virbild sinn d’Oratorie vum Georg Friedrich Händel, déi hien zu London héieren huet. Säi Frënd a Biograph, den Giuseppe Carpani, huet geschriwwen datt den Haydn no dësem Concertserliefniss esou perplex war, datt hien „sich an den Beginn seiner Studien zurückversetzt“ gefillt hätt a, „bis dahin nichts gewusst“ hätt vun der Muecht vun der Musek. Bal zwee Joer schafft den Haydn u sengem Oratorium. Keng eenzeg Sinfonie sollt hie méi schreiwen, amplaz e weideren Oratorium no dem Händel sengem Virbild – “D’Joreszäiten” – a groussförmeg Massen. Den Erfolleg vu senger “Schöpfung” huet him Courage gemaach. Nëmmen e puer Deeg no der Uropféierung am Wiener Palais Schwarzenberg ass d’Wierk zweemol widderholl ginn. Am Joer drop huet déi ëffentlech Première 4000 Florin abruecht, méi wéi jee eng Oper zu Wien erreecht huet. An den nächste Jore goufen et ronn 45 Opféierungen, ënnert anerem zu Budapest, St. Petersburg, Paräis, London a Stockholm.