Et ass net esou einfach, de Moment vum groussen Duerchbroch am Liewe vun engem Komponist ze definéieren - ass et déi éischt ëffentlech Unerkennung, de grousse finanziellen Erfolleg oder awer dat revolutionäerste Wierk?
Beim Franz Schubert war et eréischt no sengem Doud am Joer 1828, datt seng Wierker lues a lues bekannt an uropgefouert gi sinn.
E bëssen anescht war et beim Beethoven, deen sech duerchaus bewosst war, datt hie wäit iwwert de musikaleschen Zäitgeescht eraus komponéiert.
De Chiaroscuro Quartett huet dës Kammermusekswierker vu béide Komponiste bei engem Concert de 5. Mee 2024 an der Musekssall zu La Chaux-de-Fonds an der Schwäiz presentéiert.
Huelt Plaz am 100,7 Concertssall a lauschtert dëse Concert nach bis den 03. Juni 2025 an eiser Mediathéik.