Den Alfred Brendel war net nëmme fir seng Musek bekannt, mee och fir seng Bicher a seng Fäegkeet locker an op eng zougänglech Aart a Weis iwwer d'Musek ze schwätzen. De Luc Boentges schwätzt mam Christiane Kleer iwwer de Pianist a seng Erënnerungen un den Alfred Brendel.
Aus dem Archiv: E Portrait fir den 90. Gebuertsdag
Den Alfred Brendel gouf fir säin nobele Klang, als musikalesche Publizist an och als Dichter gefeiert. 2021 huet d'Maria Gutierrez an der 100,7-Emissioun Sequenza e Portrait iwwer de Museker gemaach, fir den 90. Gebuertsdag vum Pianist ze markéieren.